
lirik lagu serge tonnar & legotrip - eng déck schnëss
1
du kanns mech gläich e buddha nennen, well ech sinn ewell déck zen ginn
a fréier hätt ech engem sp~ck wéi dir am léifsten eng an d’zänn ginn
aplaz d’revolutioun ze maachen, wëll ech haut dass mir eis d’hänn ginn
dat heescht awer nach net, dass ech vum domme sabbele well e fan sinn
ech iwwerschëdde mech aus protest och net, wéi e mënch, mat bensin
benotze wieder wéi fäischt, a weisen dir wou deng véier wänn sinn
wëll net gemeng ginn, allgemeng sinn ech gerecht awer ganz streng ginn
a wann ech mat dir fäerdeg sinn, ass aus dir e ganz klenge menn ginn
2
dofir lauschter elo gutt no, well ech gi gär dëse gudde rot lass
du muss mat mir rechnen sou laang wéi s de mat mir an engem boot bass
egal ob s du e klenge vull oder en décken affekot bass
oder e philosoph deem säi gehir op eemol wéi zalot ass
och wann s du eng déck madamm, oder souguer dem grand~duc seng mod bass
en décke bänker, dee mengt, dass e kënschtler just e chaot ass
souguer wann s du am fliger, deen erof fält, deen eenzege pilot bass
oder deen een, oder deen aneren, h~llege jean~claude bass
wann s de en despot bass, a wann et meng leschten dot ass soen ech et, fir dass et gesot ass
refrain
eng déck schnëss, eng déck schnëss! ass alles wat s de hues, ass alles wat s de gëss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! du hues eng déck schnëss, awer keng déck nëss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! mat däers de just schnëss a mol net gutt këss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! du hues eng déck schnëss, awer keng déck nëss
3
bass de “de gauche” a méi reaktionär, wéi wann s de riets géifs stoen
e journalist, dee jäizt all aner meenung géif géint d’meenungsfräiheet goen
oder bass de e kritiker, déi jo alleguer keng kritik verdroen
an europa deputéiert, a wëlls an den h~llege krich gär goen
bass de en houschtert, dee mengt e museker soll just musek maache goen
a wär kee ganze bierger, deen haart op der plaz seng meenung däerf soen
hues de dech nees net informéiert, awer déck de bak opstoen
am gaangen deng opgewiermten hallefwouerechten ënnert d’leit ze droen
wa bei dir ausser waarm loft näischt kann entstoen, a wa soss keen et mécht, da sinn ech deen, deen der et muss soen
4
ech muss mech elo berouegen, soss kréien ech nach moschwieren
ech wollt dach esou zen sinn, a mech net géint d’schicksal wieren
kämpfen ech hei géint wandmillen a rennen an oppen dieren
hätt ech vläicht besser mol viru menger eegener dir ze kieren
ok, t ass an der rei, ech huele mech elo mol selwer op de leescht
a fir all feeler deen ech hunn, gëtt sech elo selwer gebeetscht
bis ech en h~llege sinn, an et gëtt sech kee feeler méi geleescht
an eréischt da kommen ech erëm, an da gëtt et eréischt richteg streech
an ech kucken an de spigel, an et gëtt mer weech. do ass een dee mer gär d’waasser reecht, an ech gesinn se ganz eescht, aus mengem eegene fleesch
refrain
eng déck schnëss, eng déck schnëss! där hunn ech eng gewëss an ech kréien se net gezësst
eng déck schnëss, eng déck schnëss! ech hunn eng déck schnëss, an e schouss voll nëss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! et ass eng schnëss déi schnësst awer och gutt kësst
eng déck schnëss, eng déck schnëss! ech hunn eng déck schnëss, an e schouss voll nëss
Lirik lagu lainnya:
- lirik lagu topoppgen - blame yhu
- lirik lagu p3ezy - for nun
- lirik lagu the caution children - title (an acronym)
- lirik lagu xkazy & mozy - лобзик
- lirik lagu the keffat liv - muffintopp
- lirik lagu lollia - enemy
- lirik lagu henrik - mr. businessman (coming down)
- lirik lagu marek wagina - złota arabeska
- lirik lagu sacristuff - it's not snow
- lirik lagu katseye - gameboy (julia lewis acoustic remix)