
lirik lagu serge tonnar & legotrip - de leschte bal
1
de faust huet seng séil verkaf un de mann aus der ënnerwelt
ech hu meng just verléint fir en owend an engem zelt
ech sëtzen hannert der uergel, sangen a spillen de clown
ech kucken an d’leit a gesinn, déi wëllen nach net heemgoen
de claus hannert dem mëschpult, dee wëll scho feierowend maachen
mee ech spille weider, net fir de goss, mee fir d’glënnеren an ären an
2
et sinn der еng jett déi soen, dat ass keng grouss konscht wat ech maachen
d’texter sinn net gescheit an d’musek just ummtatta
et ginn der awer vill méi, déi hätte gär spaass fir hiert geld
no enger woch schaffen a schlechten noriichten aus aller welt
da lauschtert dach nëmmen är traureg musek mat tréinen an den an
awer et ass vill méi schwéier fir d’leit een owend laang glécklech ze maachen
3
d’dëppefest ass gelaf, d’leit tierkelen heem, zeréck an hire stot
an ech pake mäi ganzt geschir a meng kabelszalot
de kostüm ass plätschnaass geschweesst, dee brauch ech net méi ze netzen
an ech denke kuerz drun, ech kann dee mol net vun de steieren ofsetzen
a kucken ech um parking dann an d’stäre mam tinitus an den oueren
da fannen ech fir d’vrecke kee gronn fir hei grouss ze soueren
4
an enges daags weess ech, dat heiten, dat war dee leschte bal
deen nächsten deen ass am himmel, well da sinn ech laang scho kal
ech hoffe just dass dann do uewen anerer op der bühn stinn
well ech hu mäint ginn, an ech well och mol am publik~m sinn
dann denken ech kuerz zeréck, wéi schéin et dach heinidde war
an danzen e leschte slow mam natascha aus der bambubar
Lirik lagu lainnya:
- lirik lagu low water bridge band - hold on
- lirik lagu blexy - upgrade
- lirik lagu remain in silence - hope in fear
- lirik lagu anavitória - estátua de mármore
- lirik lagu raquel martins - calma!
- lirik lagu fernandinho - te adorar (acústico)
- lirik lagu @arosechris1625 - hysteria & devil in the details
- lirik lagu re:wind (리와인드) (kor) - heart, break, repeat
- lirik lagu trellion & danny lover - gut
- lirik lagu victor wood - nanghihinayang